Aller au contenu
Retour
FJD Zoom

GEN X VS GEN Z: PAUL & SAM HEINZ

07.03.2024

„D’mentalitéit „one size fits all“ vu fréier passt net méI an ons modern gesellschaft.“

Sam, ziel eis eppes iwwer dech. Wou bass de drun, wat léiers resp. schaffs de a wéi stells du dir däi Beruff an d’Aarbechtwelt vir?

SH: Ech hunn 2020 wärend dem Covid meng Première hei zu Lëtzebuerg gemaach a sinn duerno direkt op Maastricht studéiere gaang, wou ech mäi Bachelor an Data Science & AI dëst Joer kritt hunn. Aktuell sammelen ech meng éischt Beruffserfarungen an der Consulting Firma vu mengen Elteren, Analytics & Change, an ech si grad am gaangen mech z’entscheeden ob ee Master am Hierscht gemaach gëtt oder net. Weider am IT oder awer Business weess ech nach net… D‘Demande ass do fir als Data Analyst direkt eng fest Plaz kéinten ze kréien, mee de Master ass wichteg fir sech nach méi ze spezialiséieren.

An nom eventuelle Master…?

Meng Iddi ass mech herno selbstänneg ze maachen! Et huet ee säin eegene Rhythmus, net fir manner, mee fir méi onofhängeg un sengen Objektiver ze schaffen.

Ass déi Flexibilitéit just als Entrepreneur méiglech?

SH: Et ass méi schwéier dëst als Net- Entrepreneur ze hunn, mee ech denken dass verschidde Beruffer, z. B. Software Developper, méi flexibel sinn, oft sinn dës awer Freelancer. Generell mengen ech, dass an Zukunft de Faktor vun der Flexibilitéit awer ëmmer méi wichteg gëtt.

Wat seet den Ancien Member dozou? Mëss du haut dat wats de der am Alter vun dengem Jong virgestalt hues?

PH: Och wann een als Elteren ëmmer en Afloss huet, soll jidderee säi Wee fannen! Ech hu weder mat Data Science, nach mam Entrepreneuriat gerechent, mee probéieren esou gutt wéi ech kann ze ënnerstëtzen. Wat géifs de haut anescht maachen, den Job carrément? Et kann een ëmmer eppes besser maachen! Mee de Métier als Consultant ass esou villfälteg, dass ech am Fong net vill wéilt änneren. Du gesäis hannert Kulissen, hues vill Ofwiesslung, a schaffs ëmmer un neie Projete resp. Problemer.

Mengs du, datt den traditionellen 9-to-5-Job bestoe bleift an déi selwecht Wichtegkeet wäert behalen?

SH: Et hänkt vum Job an der Responsa-bilitéit of. Perséinlech fannen ech, dass et ëmmer méi flexibel gëtt, wéi elo a mengem Stage wou ech weder mat Timesheet nach mat Pointage schaffen. Wat zielt ass, dass d’Aarbecht zum Schluss gemaach ass. Freides Mëttes hunn ech z. B. fräi, obwuel ech 40h pro Woch schaffen.

PH: D’Flexibilitéit vun de Schaffzäiten ass net iwwerall méiglech, a mir mussen oppassen, dass mir ons net eng Zwee-Klasse Gesellschaft schafen. An enger Produktioun oder am Service Client kann een net schaffen wéini e wëll, oder à distance. Gëtt deem seng Arbecht dann anescht valoriséiert wéi deen, dee flexibel oder à distance schaffen kann?

Ass d’Thema Flexibilitéit ee Sujet fir dech beim Recrutement?

PH: Op allefall. Haut verlaangen d‘Employéë méi Flexibilitéit direkt um Ufank, wéi z. B. nom Trafick unzefänke mat schaffen, Homeoffice ze maachen oder minimum dräi Woche Vakanz am August.

SH: Fix Auerzäite sinn awer elo och keen Dealbreaker, alles hänkt vun der Arabecht a vun de Besoine vum Betrib of.

Wat bedeit fir iech Work-Life-Balance?

PH: De Mënsch ass keng Maschinn, an ass nëmme produktiv wann e selwer am Equiliber ass. Ech di mech schwéier domat wa gesot gëtt, dass et dem Betrib seng Responsabilitéit ass deen Equiliber ze garantéieren. De Betrib gëtt de Kader a Rhythmus vir, mee jiddereen ass fir sech selwer verantwortlech. Dat fänkt u beim Choix vum Patron, mee och beim Choix vun der Aarbecht. Wanns de dat mëchs wat dir Spaass mécht, dann hues de eng aner Astellung zur Work-Life-Balance, wéi wanns de kee Spaass drun hues.

SH: Et ass ee ganzt perséinlecht d’Thema an hänkt staark dovun of wats de am Liewe wëlls. Bass de jonk an hues grouss Objektiver, da bass de vläit méi oppen an inclinéiert am Ufank méi ze schaffen, wells de weess dass duerno däi Besoin ännert, duerch Famill, Kanner, etc. PH: Et muss een op d’Leit lauschteren an individuell op hir Besoinen agoen. D’Mentalitéit „one size fits all“ vu fréier passt net méi an ons modern Gesellschaft.

Fréier hat ee méi Zäit sech rëm nei opzestellen. Haut ass dat méi sportlech an et mécht ee gefillt just nach Krisemanagement.
Wéi eng Digitaliséierung observéiers du an dengem Metier, oder generell? Wat ass geschitt no all deene Jore wou Digitalisation DAT Buzzword war?

PH: D’Digitaliséierung huet schonns d’Art a Weis ze schaffe grondleeënd verännert. Bei Extra Time hu mer z. B. haut en ERP, deen eis vum Devis iwwert de Planning bis zur Facturatioun ënnerstëtzt. D’Botzfra kritt hire Planning op den Telefon geschéckt a „badged“ sech beim Client an, wat dann de Planning automatesch à jour setzt. Am Consulting ass d’AI elo schonns en Outil dee benotzt gëtt, fir méi spezifesch an effizient op d’Besoine vum Client anzegoen. Analysen, Simulatiounen an d’Verschaffe vu groussen Quantitéiten un Donnéeë gi vereinfacht an automatiséiert. De Métier vum Consultant ass also och amgaangen ze änneren.

Wéi denks du wärt sech d‘AI op d’Zukunft vum Aarbechtsmarché auswierken?

SH: A mengem Beräich vun der Data Science gëtt et kloer ëmmer méi benotzt. Ech gesinn et éischter als Zäiterspuerniss ewéi als Ersatz. Et gëtt vill benotzt fir Templates oder E-Mailen ze draften oder Coden ze verbesseren, mee et brauch een nach ëmmer eng Persoun déi d’AI mat Informatiounen, respektiv Instruktioune fiddert.

Wéi gesidd dir d’Gefor, dass manner qualifizéiert Leit ganz ersat ginn?

SH: Ze vill soll een sech momentaan nach net op ChatGPT a Co. verloossen. Et brauch een eng mënschlech Vérification. An Zukunft ass et awer méiglech, dass simpel Tâche kënnen ersat ginn.

PH: Ech si mer relativ sécher, dass gewësse Beruffer wäerte verschwannen, awer net onbedengt nëmmen déi manner qualifizéiert. D’AI ass déi Revolutioun, déi als éischt och d’White Collars betrëfft. D’Botzfra, de Bauaarbechter oder de Schräiner gi weiderhi gebraucht.

Wéi ass et fir iech mam etheschen Impakt vun der AI?

SH: Ech denken, dass den Impakt méi positiv wéi negativ wäert sinn. Et feelt definitiv un Opklärung, well d’AI vill manner wäit entwéckelt ass wéi mer mengen. Vill Leit si réicht säit dem Lancement vu ChatGPT an direkte Kontakt mat AI komm, obwuel et dës scho virdru laang gouf. Reegele musse kommen, esou wéi fréier mam Internet och. Et ass iwwerraschend, wéi schnell et gaangen ass. Déi jonk als Digital Native hunn et méi einfach sech unzepassen an dës Tools positiv ze notzen, resp. auszenotzen.

PH: Mir brauchen eng intelligent Reglementatioun, z.B. fir d’Manipulatioun z‘ënnerbannen an d‘Verschwammen tëscht Realitéit a Fiktioun z‘évitéieren. Wéi ëmfënns du déi aktuell ekonomesch Situatioun? Mëchs du dir Suergen em deng Carrière? SH: D’Majoritéit vu menge Kolleegen, sou wéi ech och, schaffen an engem Métier deen nach wie vor extrem vill gesicht ass. Dofir hunn ech do keng direkt Suergen. Bei aneren héieren ech awer, dass net jiddereen et sou einfach huet a sengem geléierte Métier eng Aarbecht ze fannen.

Ass d’Lag haut méi onstabel, oder si mir méi onstabel? Fréier gouf et jo ëmmerhin och d’Kubakris – mee dofir bass de ze jonk! – d’Uelegkrisen, d’Stolkris, de Golfkrich, d’Dotcom Bubble, d’Finanzkris bis eran an de Covid, d‘Polykris a Permakris, etc.?

PH: Krisen goufen et schonn ëmmer! Wat sech awer geännert huet ass, dass d’Welt sech méi schnell dréint a mer vun enger an déi aner rutschen. Fréier hat ee méi Zäit sech rëm nei opzestellen. Haut ass dat méi sportlech an et mécht ee gefillt just nach Krisemanagement.

Wéi eng Changementer an der ekonomescher Politik mussen denger Meenung no komme fir d’ekonomesch Instabiliéit z’adresséieren?

PH: Mir musse fort kommen vum Gedanken, datt de Staat alles wëll selwer maachen a kontrolléieren. D‘PMEe sinn d’Reckrad vun enger Ekonomie, dowéinst muss den Entrepreunariat promouvéiert ginn. An den nächste Jore wäerten iwwer 250 Betriber e Repreneur sichen an d’Politik muss et fäerdeg bréngen, dass et derwäert ass des Demarchen ze maachen. D’Loscht an d’Fräiheet sech ze lancéieren duerf net gebremst ginn duerch administrativ Demarchen an den Invest u Geld, Risiko an Zäit muss sech kënne rentéieren.

Maachen déi aktuell Dirigeants d’entreprise genuch fir déi zukünfteg Generatiounen, a fir de Planéit? Hu si denger Meenung no e Choix? Wat mengs de ass dann an hirer Muecht, an an hirer Responsabilitéit?

SH: D’Léit passen op allefall méi op wéi fréier, well mer haut vill méi nohalteg Alternativen als Choix hunn.

PH: Global hu mer en Niveau de conscience erreecht. Mir hunn de Luxus ons domat kënnen ze beschäftegen, par contre kréie mir de Problem nëmmen op enger Echelle mondiale geléist, an et ass genau do wou ech fäerten dass mer nach wäit vun enger Léisung fort sinn. Jidderee ka seng eegen Empreinte écologique verbesseren, an ech gesi reell Opportunitéiten an déi richteg Richtung ze goen.

Wéi huet sech deng Perspektiv vun Ëmwelt Problemer iwwert d‘Jore geännert, a wéi eng Roll spillt se an dengem Liewensstil?

PH: D’Leit mussen domat am klore sinn, dass de Confort de vie impaktéiert gëtt, an dass een seng Gewunnechte muss upassen. Fréier war d’Mentalitéit direkt mat 18 de Führerschäin ze maachen. De Sam krut elo mat 21 säi Schäin an huet nach keen Auto, do gesäit ee schonns den Mentalitéitswiessel.

SH: (Laacht) De Führerschäin koum elo réicht well Covid mir de Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet, mee natierlech och well ech keen direkt gebraucht hunn. Mam Auto brauch ech zwou Stonnen, a mam Bus dräi Stonne fir op Maastricht. Dohanne kënnt een och besser mam Vëlo virun, ewéi mam Auto.

Wéi kann ee Business Profitabilitéit mat Ëmweltbewosstsi reconciliéieren? Muss een an Zukunft d’Ëmwelt virun der Profitabilitéit prioriséieren?

PH: Et muss en Equiliber sinn. An Zukunft ginn och d‘Clientë méi ëmweltbewosst, wat och Opportunitéite mat sech bréngt. Op der aanerer Säit ginn d’Employeeën och méi ëmweltbewosst. Mir hu Jonker bei Analytics & Change déi spezifesch dono froen op engem Projet ze schaffe mat engem sozialen oder environnementalen Impakt.

Interview: Stefano Florio & Marc Marchal