GEN X VS GEN Z: PIERRE & PAUL MANGERS
„Den zeitgeist huet sech extreem verännert.“
Erziel eis eppes iwwer dech? Wou bass du drun, wat léier s de, wat schaffs du?
Paul: Ech sinn de Paul, 23 Joer jonk. Ech studéieren op der ETH Zürich wou ech mäi Bachelor gemaach hunn an elo dobäi si mäi Master an der Mathematik erfollegräich ofzeschléissen. Momentan ass et d’Entscheedung fir mech wat ech duerno maache wëll: Statistik, kënschtlech Intelligenz, Finance oder eng akadeemesch Carrière mat engem PhD.
Wéi stells du der däi Beruff an d’Aarbechtswelt vir? A wéi eng Richtung soll et goen?
Paul: Mäin Dramberuff gëtt duerch dräi Aspekter charakteriséiert. 1) Dat Wichtegst – Ech muss mäi Beruff gäre maachen an e Sënn doranner gesinn. 2) D’Aarbechtskonditiounen – Ass et an enger cooler Stad? Kënnt ee mat interessante Leit a Kontakt? Herrscht eng positiv a produktiv Stëmmung am Office? Kann ech mech em meng Famill këmmeren an trotzdeem Erfolleg am Beruff hunn? 3) Dat hei bezitt sech elo éischter op den Ufank vu menger Carrière – Benotzen ech Konzepter vu mengem Studium? Kann ech all déi Tools a mathematesch Konzepter déi ech geléiert hunn mol an der Realitéit ëmsetzen? Pierre: Ech kéint mir virstellen nom Studium e PhD a Richtung Mathematical Finance ze man, fir dono och an deem Beräich ze schaffen. Fir mech ass et awer elo mol wichteg, mech op meng nächst Schrëtt ze fokusséieren, d. h. mol mäi Master ofzeschléissen.
Wat seet den Ancien Member dozou? Mëss du haut dat wat‘s de der am Alter vun dengem Jong virgestallt hues?
Pierre: Jo, vill méi wéi ech geduecht hat. Als Student konnt ech e Stage bei enger Unternehmensberatung an Däitschland maachen a wosst no engem Dag: dat do ass et! Mee well ech aus enger Arbeds-Traditiounsfamill kommen, hunn ech mengem Papp gefollegt an hunn och do geschafft. No aacht Joer Arbed a fënnef verschidde Länner, hunn ech de Wee an d’Unternehmensberatung fonnt. Och wann ech dat deemols net vu mengem Papp wollt héieren, sinn ech haut dankbar fir dëse Rot, well ech eng gewëssen technesch Erfarung an der Produktioun a Prozess konnt opbauen an och geléiert hunn, ewéi d’Strategieentwécklung an engem grousse Konzern ewéi der Arbed funktionéiert.

Ziel eis wéi dat gaangen ass. Wéi a wéini bass du an den Aarbechtsmarché komm? Wat huet sech geännert iwwer déi Joren, wat hues de observéiert?
Pierre: Den Zeitgeist huet sech extreem duerch den demographesche Wandel verännert. Gebuertestaark-Joergäng ewéi ech (70’er), déi mëtt der 90er op den Aarbechstmaart komm sinn, waren engem Keefer-Maart ausgesaat, wou d’Entreprisen sech konnten d’Léit erauswielen, well et genuch Kandidate goufen, déi an enger konjunktur-schwacher Zäit en Job gesicht hunn. Wéi ech bei der Arbed ugefaangen hunn, war ech den éischten Ingenieur, deen no X Joer Astellungsstopp agestallt gouf. Et war e schwieregt Ëmfeld mee mat interessante Perspektiven. Haut ass et eng aner Situatioun well d’Demographie-Entwécklung dozou gefouert huet, datt déi Jonk immens ëmgarnt ginn. Dofir ass haut éischter e Verkeefer-Maart entstanen.
Parallel dozou, huet sech och d‘Leeschtungskultur staark verännert. Et féiert an enger Gesellschaft dozou datt d’Majoritéit vu jonke Leit net méi fäeg ass, sech iwwert Joren unzestrengen, fir en Zil ze erreechen. Eist Land leescht sech de Luxus bei der PISA-Etüd net méi matzemaachen, well de politesche Courage feelt, mat de warscheinlech desaströse Resultater mussen ëmzegoen, an dat an enger technologie-affiner Gesellschaft, wou d’Verständnis vu Mathematik a Wëssenschaft d’Basis fir eng demokratesch Biergerbedeelegung duerstellt fir z. B. iwwert KI kënne matzeschwätzen. Mir missten awer de Wettbewerb stäerken a léieren eis méi unzestrengen. Singapur a Südkorea sinn net fir näischt PISA-Champion. „Le gôut de l’effort est le remède“ – a natierlech kompetent Schoulpersonal, déi dës Wäerter kënne vermëttelen.
Géifs du haut nach eemol ufänke mat schaffen, wat géifs de anescht maachen?
Pierre: Ech géing warscheinlech net méi Ingenieur mee Mathematik gekoppelt mat Philosophie studéieren, well een d’Welt dann anescht versteet. Dëst ass sécherlech manner utilitaristesch, mee ech fannen dat vun haut aus gekuckt méi spannend. Wann een déi grouss Froen aus der Perspektiv vun der Metaphysik, der Erkenntnis-Theorie oder der Werte-Theorie ka verstoen, an esou gesellschaftlech an technologesch Trends kann zesummen dénken, dat ass dach schonns e bësse cool, oder? Ech géing allerdéngs erëm versichen an d‘Industrie ze kommen, well ech do esou vill geléiert hunn, an dann an enger zweeter Phas an enger Berodungsfunktion kommen, well dës Erfarung zu méi Kredibilitéit am Beruff féiert.
Wat misst sech änneren, fir datt Lëtzebuerg fir dech méi attraktiv gëtt?
Paul: Am léifsten géing ech mol e bëssen Auslandserfarung sammelen. Ech hunn einfach Loscht op eng aner Erfarung, Kultur an aner Leit. Et ass a mengen Aen en immense Mehrwert säi perséinlechen a professionellen Horizont duerch esou Experienzen z’erweideren. E Punkt, dee Lëtzebuerg als Aarbechtsplaz fir d’Privatindustrie sécher méi attraktiv géing maachen, ass Digitaliséierung an d’Vereinfachung vu staatleche Prozesser. All Zäit, déi eng Firma mat administrativer Aarbecht muss verbréngen ass quasi verluer. Et ass wichteg kreativen an innovative Leit keng Steng an de Wee ze leeën.
Wéi gesäis Du d’Work-Life oder Life-Work-Balance? Wat bedeit dat fir dech? Soll et eng Balance sinn? Wéi gésäis du den „9 to 5“?
Paul: An dem Moment wou ech mech grad befannen, ass d’Work-Life-Balance e Wuert wat een e bësse „stretche“ kann. Als jonke Mënsch ouni Famill kann ech mir erlabe méi ze schaffen a manner Fräizäit ze hunn. Dëst ass natierlech e Choix dee jidderee maache muss, mee wann een Ambitiounen huet, dann ass dës Zäit immens wichteg fir sech professionell schnell weiderzeentwéckelen. Spéider, mat enger Famill, ass Work-Life-Balance definitiv e méi wichtegt Thema. Pierre: Wat bedeit „9 to 5“ an enger globaler Ekonomie, wou ca. 500 Millionen Europäer 6,25% vun der Weltbevölkerung ausmaachen, a Lëtzebuerg en dausendstel vu 6,25%? Dat sollt jidderee fir sech beäntweren. Work-Life-Balance ass e gesellschaftlechen Trend, well d’Aarbechtskraaft demographesch eng Pénurie um Aarbechtsmaart duerstellt, an zu Lëtzebuerg de Secteur Public dës Penurie nach verschlëmmert, andeem se Avantagen ubitt, déi schwéier vum Privatsecteur ze toppe sinn.
Du bass en „Digital Native“… wéi gesäis du déi ethesch Froe ronderëm d’KI?
Paul: Vu datt AI ëmmer méi Liewensberäicher direkt beaflosst, ass et definitiv wichteg sech doriwwer Gedanken ze maachen. E ganz dramatesche Fall sinn Deep Fakes an der Politik oder Weltwirtschaft. Do kann z. B. duerch eng AI en extreem authentesche Video generéiert ginn, an deem de Joe Biden e Krich ufänkt oder den Elon Musk behaapt e géif mat der Mafia zesummeschaffen. Gläichzäiteg dierf een d’Innovatioun net duerch zevill Regulatioune ausbremsen.
Wéi gesäis de den Impakt vun der KI op den Aarbechtsmarché? Gëtt et nach eng Job-Security?
Paul: Et ass warscheinlech, datt vill Jobs ewegfaalen, virun Allem duerch Automatiséierung. Anerersäits wäerte Leit an der AI-Fuerschung wéi och mat Tech-Background vill méi gefrot ginn … .
Pierre: Hei sollte mir tëschent schwaacher a staarker AI ënnerscheeden. Staark AI heescht, datt eng AI (z. B. beim Schach, an der Datenanalyse,…), besser ewéi dee beschte Mënsch ass. Dat hu mir nach net grad erreecht, mir sinn awer um Wee fir dohinner. Et wäert dozou féieren, datt Jobs ewech falen déi viru kuerzem nach als sécher ugesi waren. Interessanterweis si déi héich qualifizéiert Jobs ewéi Business Affekot haut méi „at risk“ ewéi den Handwierker, dee wierklech eng gëllen Zukunft virun sech huet. Ewéi de Paul erkläert huet, entstinn och nei Jobs: Prompt Engineer, Ethical Data Scientist, AI Officer… déi en Deel vun de alen Jobs ersetzen. Dëst war nach ëmmer esou bei innovativen technologesche Verännerungen: dem Schumpeter seng kreativ Destruktioun. An enger Consulting- Firma gesäit een, datt am Ufank vill Zäit mat PowerPoint an der Mise en page verbruecht gëtt. Wann ech awer elo kann eng KI benotze fir mech an der Formatéierung vun de Slides ze ënnerstëtzen, kann ech wäertvoll Zäit spuere fir meng Methodologie ze schärfen fir méi komplex Problemer ze léisen. Job-Security, sollt et dëst wierklich ausserhalb vum Secteur Public ginn, entsteet duerch Weiderbildung an ass och eng perséinlech Entscheedung fir sech e Liewe laang intellektuell (a kierperlech) fit ze halen. Dat fänkt am beschte schonns fréi un. Dofir de strategesche Feeler fir net beim internationale PISA Test matzemaachen … .
Wéivill Suerge méchs du dir ëm déi ekonomesch Situatioun?
Paul: Wann een e bësse kuckt wat an der Welt esou lass ass, da si mir schonn an enger net ganz optimaler Situatioun. Et gouf an der Vergaangenheet sécher Zäiten, déi méi attraktiv ware fir an ekonomesch Projete z’investéieren. Ëm meng Carrière maachen ech mir awer net ze vill Suergen, wëll mathematesch Konzepter ëmmer wäerte relevant sinn an dat och a ganz ënnerschiddleche Branchen. Pierre: Dat d’Wuert ekonomesch Insta- bilitéit heescht fir mech, datt d’Generatioun N+1 manner rouseg Perspektiven huet wei d’Generatioun N. Kapitalismus ass jo just eng Suite vu Krisen. Déi kenne mir säit der Tulpenkris vum 17. Joerhonnert. Den Zeitgeist, d’Erzéiung an de politeschen Discours hunn d’Jugend manner resilient gemaach. Dat wat nei an der Gesellschaft ass, ass datt mir net méi déi Selbstverständlechkeet hunn datt an enger Famill de Kanner soll automatesch besser goen ewéi den Elteren.
Wéi hues du déi Phasen duerchlieft, wat si Léiere fir eis haut?
Pierre: Instabilitéit kann een net ëmgoen, well et ass d’Wiesen (Das Wesen) vum Kapitalimus. Op dräi Niveaue kann en usetzen. Déi éischt Moossnam ass d’Modern- iséierung vum Staat (digitaliséieren, Ufangsgehälter mat der Realwirtschaft alignéieren, etc.). Déi zweet Moossnaam ass fir d’Investoren: et soll ee net duerch méi Steieren bestrofft ginn, wann een investiséiert. An déi drëtt ass, datt mir versichen méi selektiv Leit mat Skills an d’Land ze kréien, déi laangfristeg eis Kultur assimiléieren.
Wat bedeit Neo-Ökologie fir dech? Oder Nohaltegkeet generell?
Pierre: Fréier huet ee misse laang Hoer hunn fir als ökologesch ze gëllen. Technologie an Ökologie hunn sech géigesätzlech ausgeschloss. Béid Lager hunn sech och net wierklech ausgetosch. Neo-Ökologie heescht haut, datt d’Technologie elo en Deel vun der Léisung ass fir ökologesch Erausfuerderungen wéi Erderwärmung a Biodiversitéit. Dat deed der Gesellschaft gutt, mee och hei si d’Bildung a Fortbildung eng Viraussetzung. Paul: Nohaltegkeet meeschteren heescht fir mech: Wéi kann een eng Gesellschaft laangfristeg positiv veränneren? Ech fannen et falsch, Leit Saachen ze verbidden an hiert Verhalen duerch Zwang ze beaflossen. Esou drastesch Moossnamen treffe meeschtens éischter op Trotz. Et misst ee méi u Léisunge schaffen, wou jiddereen duerch Iwwerzeegung eppes bäidréit.
Wéi hu sech deng Vuen, an och däi Verhalen, iwwer déi lescht Jore verännert?
Pierre: Iwwert d’Zäit gekuckt, kann ech just d’Fuerschung zum ökologesche Foussofdrock bestätegen: wat méi Mëttelen, wat méi CO2. Als Student hunn ech an der Mensa giess a konnt mir keng Fligerreese leeschten. Als jonk Famill schonns emol pro Joer, haut nach méi. Ech hunn e bësse meng Ernärung ugepasst, iesse manner Fleesch a consomméiere manner am allgemengen. Meng professionnell Mobilitéitsgewunnechte versichen ech ëmweltgerecht z’organiséieren. Grondsätzlech soll all Firma de Verbrauch vu Waasser an Energie a seng Transportausgaben reduzéieren, esou datt all ökologesch och gläichzäiteg eng ekonomesch Entscheedung ass. Zousätzlech mécht et Sënn an erneierbar Energie-Equipementer z’investéiere fir domadder konform zur europäescher „Corporate Sustainability Reporting Directive“ laangfristeg méi ëmweltschounend Geld ze verdéngen.
Wat géifs du engem jonken FJD-Member mat op de Wee ginn?
Pierre: Liew däin Dram. Well du muss laang schaffen goe fir meng Pensioun ze bezuelen. Am Eescht: liew wierklech däin Dram, well ech der Meenung sinn, dass een en zefriddene Mensch ass, wann een dat mécht wat ee gäre mécht. A maach et mat Häerz a Séil. Et ginn nëmmen zwou Entscheedungen, déi een am Liewen kann treffen, déi engem Stabilitéit ginn. Dat éischt ass, dat wat een de ganzen Dag mécht fir sech z’ernären a säi Wuelstand opzebauen. Dat zweet ass de Choix vun der Persoun mat där ee säi Liewen verbréngt. Wann ee bei enger vun dësen zwou Entscheedunge richteg läit, dann huet ee schonns zur d’Halschent vun engem zefriddene Liewe bäigedroen.
Wat géifs du engem méi alen FJD-Member matginn?
Paul: Ech géif léiwer eppes froen: Ob si dat wat si gemaach hunn (Studien an Aarbecht) haut och nach géifen maachen oder ierdendeppes ännere géifen? Wann ech mir erlabe géif eppes mat op de Wee ze ginn, da wär et zu senge Prinzipien ze stoen och wann een temporär e Kritik erleide muss.
Interview : Samuel Majerus