Aller au contenu
Retour
FJD Zoom

GEN X VS GEN Z: TOM & CATHERINE ELVINGER

07.03.2024

„E gudde patron kënnt senge gudde leit entgéint.“

Kanns du eis e bëssen eppes iwwer dech an däi professionelle Parcours erzielen?

CE: Ech sinn 28 Joer an hu grad zu Lëtzebuerg bei Allen & Overy am Steierrecht ugefaangen, nodeems ech d’Chance hat, no mengem Master am Droit (LL.M.) op der Columbia Law School, ee Joer zu New York an engem vun de wichtegsten amerikanesche Cabineten am Private Equity Erfarung ze sammelen. Do virdrun hunn ech mäin Droitsstudium duerch e Master 2 am Droit des Affaires et Fiscalité op der Assas zu Paräis an ee Joer zu München gemaach.

Wisou bass du zeréck op Lëtzebuerg komm?

CE: Déi Fro ob ech géif zeréck kommen, huet sech tatsächlech gestallt a war net evident. D’Decisioun elo zeréckzekomme war e Mix tëscht perséinlechen a professionelle Grënn. Duerch d’Finanzplaz ass Lëtzebuerg am Droit definitiv en interessante Standuert weltwäit, an ech hunn och eng Rei Frënn aus mengem Studium aus Frankräich an Amerika déi decidéiert hunn hei op Lëtzebuerg an Affekotecabinete schaffen ze kommen. Fir mech war et wichteg elo zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, an hei eng Expertis am lëtzebuerger Recht opzebauen, well ech mech och laangfristeg an dëser Juridiktioun gesinn an ech meng Erfarung am Ausland sammele konnt.

Ass et fir dech (haut nach) en Zil bis zu der Pensioun bei engem eenzege Patron ze bleiwen?

CE: Haut ass et allgemeng méi heefeg, datt d‘Leit hir Carrière net méi do fäerdeg maache wou si se ugefaangen hunn, an dat ass och net onbedéngt schlecht gesinn. Haut ännert den Environnement einfach méi schnell, an et kann och vu Virdeel si wann d‘Leit wiesselen an nei Iddien a Perspektive mat sech bréngen. Wann d’Ekipp awer stëmmt, ee weider léieren an evoluéiere kann, Responsabilitéiten iwwerhuelen a sech erfëllt fillt, dann ass et awer duerchaus méiglech, och haut nach ëmmer bei engem Patron ze bleiwen. Ech fannen dat perséinlech och ëmmer schéin, wa Leit hier 20, 30 Joer am Betrib feieren an dat ass och ee Punkt deen ech, wéi ech mir mäi Patron erausgesicht hunn, berücksichtegt hunn.

Tom, méchs du haut dat wat s de dir virgestallt hues, wéi s du op den Aarbechtsmarché komm bass?

TE: D‘Gestioun vu Betriber, mat Patrone schaffen, Firme begleeden… dat ass dat wat ech wollt maachen. Ech maachen also haut dat wat ech schonns mat 14 Joer wollt maachen. Mee de Wee, säit 1985, datt ech an Industrie a Commerce Betriber geschafft hunn an am Ausland an zu Lëtzebuerg am Conseil war, an haut selbststänneg schaffen, ass eng Evolutioun déi sech natierlech gemaach huet.

Wéi huet sech d’Ëmfeld vun deemools op haut geännert?

TE: Wéi ech ugefaangen hunn, do goufen et e puer Profiller vu Leit. Et goufen d’Leit déi an der Produktioun, an der Fonctioun administrative, am Support geschafft hunn, déi hunn e Patron fir d’Liewe gesicht. Parallel huet sech deemools ronderëm d’Finanzplaz eng Wirtschaft entwéckelt, d‘Betriber hunn sech entwéckelt déi duerch den europäesche Marché commun iwwer d’Grenze konnte verkafen. Et gouf mat Faxe geschafft an et huet misste vill gereest ginn. Säit deem huet d’Aarbechtswelt sech geännert. D’Digitalisatioun mécht haut vill nei Méiglechkeete fir Geschäftsfelder op a fir Commerce ze maache. Mee deemools wéi haut: fir een dee wëll schaffen sinn all Méiglechkeeten op.

CE: Effektiv, fir déi Leit zu Lëtzebuerg déi Loscht hunn eppes ze beweegen, e bëssen Energie hunn, a virwëlzeg sinn, si vill Opportunitéiten do fir eng spannend Carrière ze maachen. Mir brauche gutt Leit déi Loscht hunn an der Privatwirtschaft, am Entrepreneuriat an am Handwierk ze schaffen. Mee leider ass et eng Realitéit, datt vill Lëtzebuerger en anere Wee aschloen.

Huet een et als Patron méi schwéier haut Leit ze fanne well de Wee vum Staat ze interessant ass?

TE: De Staat an d’Gemenge maachen et definitiv och haut nach ëmmer schwéier Leit ze fannen, virun allem am Handwierk. Si werbe Leit aus de Betriber of, mat héije Salairen an aneren Erwaardungen u Leeschtung. Deemools an den 80er an 90er war et zwar och scho schwéier Leit ze fannen, mee mir hunn se nach fonnt tëscht Arel, St.Vith, Diddenuewen, Metz, Saarbrécken an Tréier. Haut ass dee Weier an alle Beräicher eidel. Do si keng Leit méi. Dofir muss een haut méi wäit goe fir Leit mat Kompetenzen heihinner ze kréien, déi sech och hei kënnen eng Zukunft virstellen. An de manuelle Beruffer fuere mir alt bis a Rumänien fir Leit mat der richteger Attitude ze fannen a forméieren se dann hei selwer an de Betriber. Wann ee mam Ausland vergläicht, a mat de Kompetenzen déi do entwéckelt ginn, an der Volontéit fir ze schaffen an eng Zukunft ze hunn, da geet et hei am Land mam Duerchschnëtt aus der Educatioun nationale ëmmer manner duer fir an Zukunft ze reusséieren. Ech hu meng Kanner encouragéiert Schoulen ze maachen oder een Handwierk ze léieren, an d’Ausland ze goen, a sech der internationaler Konkurrenz ze stellen. Et geet net duer fir Kompetenzen ze hu mat deenen een nëmmen zu Lëtzebuerg oder beim Staat a Gemenge ka bestoen.

CE: An trotzdeem hues du eis ni an eng Richtung gedréckt. Wann ech awer een Avis wollt zu mengem Beruffsliewen hunn, dann hunn ech net nëmme meng Elteren a Frënn gefrot, mee och Leit, déi ech duerch meng Stagë kenneléiere konnt. TE: Et ass eng Chance wann d’Kanner kënnen aner Avise kréien. Ech hu meng Kanner ëmmer encouragéiert fir zolidd Formatiounen ze kréien déi iwwerall an der Welt gebraucht ginn. Ech sot hinnen: „Maacht wat dir wëllt, mee probéiert richteg gutt dran ze sinn, an deem wat dir maacht a probéiert glécklech dodran ze ginn“. Et brauch ee Kompetenze fir an der Welt ze bestoen, säin eegene Match ze maachen, e Betrib ze grënnen, Produiten z’entwéckelen, Servicer unzebidden, mee et geet net duer mam Duerchschnëtt

Maacht wat dir wëllt, mee probéiert richteg gutt dran ze sinn, an deem wat dir maacht a probéiert glécklech dodran ze ginn.
D’Work-Life-Balance deemools an haut, gëtt et do e groussen Ënnerscheed?

TE: Wann Dir just schafft, mat der Nues am Guidon, da sidd dir op eemol net méi produktiv. Dir braucht Espacë wou dir iech kënnt physesch a psychesch anescht betätege fir de Kapp fräi ze kréien, fir nei Iddien ze kréien an Iech ze resourcéieren. E gudde Patron kënnt senge Leit entgéint. Mir mussen als Patron eng Work-Life- Balance ubidden, mee et dierf net d’Basis-Fro vun engem Kandidat an engem Virstellungsgespréich sinn, wann e wëll eng Chance hunn. An där Kandidate ginn et ëmmer méi, mee ech denken net datt dat déi Profiller sinn déi mir brauchen.

CE: Ech mengen allgemeng, dass déi méi Jonk eng gutt Work-Life-Balance wëllen – och wann dat natierlech ëmmer subjektiv ass wéi vill Stonnen een dann nach an der Woch schaffen dierf fir dës Balance z’erreechen. Heiansdo kënnt dëst well si ofgeschreckt si wéi hir Elteren oder Bekannte vun hinnen hir Gesondheet, Famill a Frënn vernoléissegt hunn, well se sech futti geschafft hunn oder well een awer einfach schonns e gewësse Confort huet, an den Incentive fir ze schaffen einfach haut villäicht méi feelt wéi dat bei Generatioune virdrun de Fall war. Schaffen dierf net eleng eng Roll spillen, mee d‘Leit mussen sech awer bewosst sinn, dass mir a verschiddene Beräicher e Fachkräftemangel hunn, een de ganze Sozialstaat finanzéiere muss, an d’Rechnung um Enn vum Dag awer och opgoe muss. Dat Thema wäert sécherlech nach méi Relevanz gewannen.

TE: De Patron, deen haut wëllt rekrutéieren, an deen deen seng gutt Leit wëllt behalen, dee muss hinnen entgéint komme mat enger Work-Life-Balance, mee et dierf net den éischte Critère am Recrutement sinn. Mir mussen de Leit entgéint kommen, mee net à n’importe quel prix.

CE: Et ass richteg, datt dat net dierf den éischte Critère sinn, mee et geet virun allem drëms, datt een nieft dem Job och nach Zäit fënnt fir Sport, Famill, Frënn, Reesen, Benevolat, etc. Ech denken och wéi mäi Papp scho sot, datt een aner Iddie kritt wann ee sech e bëssen ausserhalb vu senger Job-Welt beweegt, a säin Horizont kann erweideren, an dat och immens wichteg ass. Doduerch kann een d’Produktivitéit an d’Glécklech-Sinn am Beruff och steigeren. Au final ass d’Aarbechtsliewen och ëmmer ee méi laange Marathon fir déi jonk Generatiounen, well eise Pensiounssystem soss an Zukunft net weider funktionéiere kann.

TE: Virun 38 Joer huet déi Fro sech net gestallt. D’Aarbecht huet misste gemaach ginn a se muss och haut nach gemaach ginn. Et ginn eng Rei aner Aarbechtsplazen a Beruffer wou een sech och haut déi Fro net stellt, well et organisatoresch schwéier méiglech wier. Mir brauche performant Leit, déi awer och gäre bei ons sinn, an sech mam Betrib identifizéieren. Mir sinn an enger fräier Maartwirtschaft. Wann d’Leit net frou bei ons sinn, kënnen si wiesselen a kucke goen ob d’Wiss op der anerer Säit méi gréng ass.

D’Digitalisatioun ass e grousst Stéchwuert fir déi nächst Joer…

TE: Et ass eng enorm Transformatioun, wat d‘Digitalisatioun an eise Betriber mécht. Mee dat ass net eréischt haut esou. An dee Betrib deen sech net adaptéiert, dee gëtt iwwerrannt. An déi Leit déi sech net adaptéiere mat dobäi.

CE: Ech schaffe vill mat kënschtlecher Intelligenz, fir perséinlech a professionell Zwecker. Mir hu bei ons am Cabinet z. B. zwee AI-Tools , dovun notzen ech virun allem een. Dat ass e bësse wéi ChatGPT mee ebe fir e Cabinet, mat den néidege Sécherheetsmoossnamen. Ech hunn d’Gefill, datt dat dem Affekote-Beruff vill kann hëllefen am Allgemenge fir juristesch Recherchen, Iwwersetzungen, Basis-Drafts, Document-Reviews méi schnell an efficace ze maachen a repetitiv Tâche gréisstendeels z’iwwerhuelen. Dat erlabt ons eis Zäit méi op déi interessant, analytesch a komplex Punkten ze fokusséiere wou een nodenke muss. Haut ass AI zwar och nach relativ „nei“ an eiser méi traditioneller Affekotenwelt, an déi meescht Cabinete benotzen och nach guer keen AI-Tool, mee ech sinn iwwerzeegt, datt dëst an den nächste Jore vill ännere wäert, an et hei scho vu Virdeel ass, fir Affekoten ze verstoen, wat fir informatesch Tools mir benotze kënne fir eis Aarbecht méi efficace ze maachen, wéi een se benotze kann, an dat alles no ze suivéieren. A jour ze sinn, kann ons en extremen Avantage ginn, par rapport zu Cabineten déi nach méi traditionell funktionéieren.

TE: Et muss ee virwëlzeg bleiwe fir net depasséiert ze ginn. D’Formation continue ass enorm wichteg. Et gouf fréier gesot den Internet hëlt de Leit d’Plaze fort. D’Digitalisatioun bréngt e kontinuéierlechen, an natierleche Changement. Mir solle vill Leit encouragéieren an d’Formatioun continue ze goe fir sech z’adaptéieren, virun allem elo mat der kënschtlecher Intelligenz.

Et muss ee virwëlzeg bleiwe fir net depasséiert ze ginn.
Et gëtt d’IT-Transformatioun, mee och Perma-Krisen. Fillt all Jonken deen op de Marché kënnt en Damokles Schwäert iwwer sengem Kapp?

CE: Mir hunn d’Kris vun 2008, Covid an eng gutt Rëtsch Krise matgemaach a mir kënnen et schonns an e Kontext setzen a gesinn datt et en „dono“ gëtt. Ech hunn och e puer Frënn déi e konkrete Plang haten an deen iwwerdenke musse well se just an dësem Moment an de Marché kommen. Do muss een dann e gewësse Kompromëss maachen, mee et ginn awer ëmmer Plaze wou Leit gebraucht ginn. Mat de Krisen, déi sech eng no der anerer suivéieren, léiert ee resilient ginn a flexibel ze sinn.

TE: Jo ech sinn och dem Catherine senger Meenung, d‘Krisen kommen ëmmer ërem. Lo kënne mir ons déi ganzen Zäit soen „d’Zukunft wier schwaarz“, mee mir kënnen awer och probéiere Léisungen op déi grouss Problemer ze fannen. Et huet kee Wäert sech ze bedaueren, d’Liewen ass laang. Fir en Entrepreneur si Krisen a Changementer ganz oft mat Opportunitéite verbonnen.

Wéi gesäit et mat der Klimakris aus?

TE: Ech perséinlech liewen en Engagement fir d’Ekologie a menge Bongerten all Dag. Meng Conseil’s Clienten an de Betriber sinn op d‘Ekologie sensibel a maachen déi néideg Investissementer. D‘Bewosstsinn ass noutwendeg an absolut do. D’Gesetzer an d’Reglementatiounen déi ons dozou forcéieren oder incitéieren hëllefen an déi Richtung ze goen. Ëmmer méi oft wëllen d’Clientë vun engem Betrib wëssen, wat dann hir Klimabilanz ass. Mir kommen net Et muss ee virwëlzeg bleiwe fir net depasséiert ze ginn. dolaanscht, well den Drock do ass. Déi nächst Generatioune wäerten nach vill méi dodrop oppassen. Ech kenne kee Patron deen den Environnement net seriö hëlt. Ouni dat wäert et längerfristeg net goen.

CE: Verschidden Entrepreneure maachen et, well hier Clienten dat froen. Anerer maachen et well et eng gutt Pub fir si ass. An et ginn der och déi selwer dovun iwwerzeegt sinn. Bei de Jonken ass Klima definitiv e groussen a wichtege Sujet, well mir de Konsequenze méi ausgesat sinn an Zukunft, och wa mir nach net ëmmer konsequent handelen. TE: Ech hunn d’Chance, datt ech e puer jonk Clienten hunn an et huet mech gewonnert wéi ee vun deenen drop hält, datt alles wat hie mécht wierklech gréng ass. An dat net fir no bausse gutt dozestoen, mee well hien dovun iwwerzeegt ass. Do si mir wäit ewech vum minimalisteschen „Think before you print this mail on paper“. Natierlech muss eng eeler Generatioun méi gedréckt ginn, wärend eng jonk Generatioun do méi sensibel drop ass.

Interview:
Bernard Michaux & Marc Marchal